7 Joer Weltbuttek Dikrech

Den 30. Juli huet de “Weltbuttek Dikrech“  säi 7. Gebuertsdag gefeiert.  A Präsenz vun der Madame Berthe Elsen hu mir eise Mataarbechter, Frënn a Clienten eng Taass fair gehandelt Schockelasmëllech offréiert. Madame Elsen huet d’Geleeënheet genotzt, hiert Kachbuch “Kache wéi fréier“ virzestellen. Souwuel d’Schockelasmëllech, wéi och dëst flott Kachbuch , fannt dir bei eis am Buttek.