Konferenz «Agent Orange»

De “Weltbuttek Dikrech“ organiséiert, zesummen mat enger Rei lëtzebuerger Organisatiounen, den 12. Dezember  um 19:30 an der “Banque de Luxembourg“, eng ganz interessant Konferenz mat  der Mme TRAN TO NGA. Si ass d’Autorin vum Buch “Ma terre empoisonnée“, wou et ëm den Asaz am Vietnam Krich vum Herbizid “Agent Orange“ geet. Si ass selwer ee vun  villen honnertdausenden Affer a kämpft an engem Prozess vun der franséischer Justiz fir Entschiedegungen vu Säite vun de chemesche Konzerner, déi deemools mat der Produktioun an dem Verkaf riseg Geschäfter gemaacht hunn.

Hiert Buch wäert bei eis am Buttek zum Präis vun 20€ verkaf ginn. 5€ vum Verkafspräis ginn an d’Käschte vun dësem Prozess investéiert. 

Festival du chocolat

Am Kader vum "10. Festival du chocolat équitable", vum 19.November bis den 11. Dezember, erwaarden iech eng ganz Panoplie vu flotten Aktiounen, Visiten a Workshopen ronderëm de fair gehandelte Schockela.

Werft e Bléck an dëse flotte Programm fir d’ganz Famill an zéckt net fir iech unzemellen.